Wéinst dem KlimawandelWeltnaturschutzorganisatioun IUCN klasséiert de Kaiserpinguin als vulnerabel Aart

AFP, iwwersat vun RTL
De Klimawandel huet en Impakt op d'Iwwerliewenschancë vun de wëllen Déieren uechter d'Welt.
Originaltitel vun der Foto: Un manchot empereur (Aptenodytes forsteri) sautant hors de l'eau en Antarctique.
Originaltitel vun der Foto: Un manchot empereur (Aptenodytes forsteri) sautant hors de l’eau en Antarctique.
© Christopher Michel / CC 2.0

De Kaiserpinguin ass wéinst dem Klimawandel därmoossen a sengen Iwwerliewenschancë menacéiert, dass en elo vun der Weltnaturschutzorganisatioun IUCN als vulnerabel Aart klasséiert gouf. Dat huet d’Organisatioun den Donneschdeg matgedeelt. Och den antarktesche Séibier steet elo op der sougenannter “Rouder Lëscht”.

Wéi et vun der Weltnaturschutzorganisatioun heescht, géif de Fait, dass dës zwou Aarten elo op der Rouder Lëscht stinn, weisen, wéi existenziell d’Menace, déi vum Klimawandel ausgeet, fir d’Déiere wier, déi fir hiert Iwwerliewe vum antarkteschen Äis géingen ofhänken. D’Äerderwiermung hätt en déif gräifenden Impakt op dës Äismassen.

Back to Top
CIM LOGO