En dach éischter ongewinnte Bild hat en RTL-Nolauschterer en Dënschdeg de Moien, wéi en tëscht Bëttel a Furen ënnerwee war. Op engem Feld hate sech eng 30 Storche breet gemaach. En huet net laang gezéckt an eng Partie Fotoen an och e Video gemaach. Deem Beispill sinn duerno och nach eng Partie aner Leit nokomm, déi d'Storchen och virun d'Kamera kritt hunn.
Och zu Bärel goufen d'Storche gesinn, dat allerdéngs schonn e Sonndeg den 2. August.
Änlech Biller hate mer zejoert och schonn erageschéckt kritt. Deen Ament haten d'Storche sech zu Kréindel an der Gemeng Wëntger zesummefonnt.
De Vullenexpert Jim Schmitz hat eis zejoert erkläert, datt den August fir vill Zuchvullen den Ufank vun hirer Rees a Richtung Afrika bedeit. Deemno wier Lëtzebuerg dann en Tëschestopp, éier se weiderfléien. Si versammele sech gären a Gruppen, fir ze raschten. Grouss Felder bidden hinnen do eng gutt Méiglechkeet fir z'iessen, zum Beispill Insekten oder Fräschen.
E Symbol vu Gléck
De wäisse Storch ass an Europa bekannt a gëllt a ville Länner als Glécksbrénger. An de leschte Joerzéngten huet seng Populatioun sech an e puer Regiounen erholl, och duerch Schutzprogrammer.
Hutt Dir och Fotoen oder Videoe vun de Storche gemaach, da schéckt eis se gär op red[at]rtl.lu.