Avant-première vu "Capitani"Wéi denken d'Schauspiller iwwer d'Krimi-Serie?

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg ass et sou wäit: déi alleréischt lëtzebuergesch Krimi-Serie wäert bei eis ze gesi sinn.
Avant-première vu "Capitani"
En Dënschdeg ass et sou wäit: déi alleréischt lëtzebuergesch Krimi-Serie wäert bei eis ze gesi sinn.

D'Serie "Capitani" dréint ronderëm den Doud vum Jenny Engel, bei deem näischt sou ass, wéi et schéngt. Een Duerf, wou jidderee jidderee kennt a wou keen esou wierklech mat der Police wëll schwätzen. Fir den Inspekter Luc Capitani gëtt et net einfach am Norden. Einfach war et dofir awer, déi dräi éischt Folge vun der Serie ze kucken. Speziell fir d'Avant-première goufen zwee Kinossäll am Kinepolis an der Staat reservéiert an och gutt gefëllt. Vill Leit ware virwëtzeg a wollten net méi bis den 1. Oktober waarden.

An och d'Ekipp vun der Serie, sief dat Schauspiller, Techniker, Sponsoren oder Produzenten, hu sech gefreet, "hir" Serie mam Public ze deelen.

Mir wollte wëssen, wat dat fir ee Gefill ass, esou bei enger Avant-première dobäi ze sinn als Schauspiller a wat si dann eigentlech selwer vun hirer Aarbecht denken. Déi ganz Episod kënne mer Iech leider net weisen, mee deen een oder aneren Extrait ass awer dobäi.

RTL-Artikel: Avant-première vun der neier Krimi-Serie "Capitani" am Kinepolis

Back to Top
CIM LOGO