Festival vun Avignon vum 5.-25. JuliUn 3 Zenarie gëtt den Ament geschafft

RTL Lëtzebuerg
Um Datum vum 5. bis de 25. Juli gëtt festgehalen. "On est porté par l'énergie de l'espoir", soten d'Organisateure vum bekannte Festival e Mëttwoch.
© AFP/Christophe SIMON

Nodeems de Festival vun Avignon d’lescht Joer wéinst der Pandemie hat mussen ofgesot ginn, halen d’Organisateuren un der Editioun 2021 fest. Et soll eng “aussergewéinlech” 75. Editioun ginn an et géif ee schonns dräi ënnerschiddlech Zenarie virbereeden.

Nieft deem vun Edinburgh gehéiert dee vun Avigon zu de renomméiertste Festivalle vun der Welt. Um Datum vum 5. bis de 25. Juli gëtt festgehalen, dëst trotz der Ongewëssheet iwwer déi méiglech Zuel u Spectateuren, déi wäerten zougelooss ginn. Och de Programm soll net gekierzt ginn.

46 Theater-, Danz-, a Performance-Spektakele si geplangt. Sou gëtt beispillsweis d’Isabelle Huppert am prestigiéisen Haff vum Palais des Papes erwaart, wou “La Cerisaie” vum Tschechow an enger Inzenéierung vum Portugis Tiago Rodrigues opgefouert gëtt.

“Et wäerten 30 Virstellunge méi ginn, an domat wäerten 20.000 Plaze méi wéi soss am Verkaf sinn; mir wäerten dëst Joer wierklech en aussergewéinleche Festival bidden”, sot de kënschtleresche Leeder vum Festival, Olivier Py, e Mëttwoch bei enger Pressekonferenz, bei där de Programm presentéiert gouf.

Déi franséisch Kulturministerin Roselyne Bachelot huet an engem Video gesot, si hätt keng Zweiwel um Festival. De Video war iwwerdeems scho virdrun opgeholl ginn, d’Kulturministerin läit den Ament nämlech wéinst enger Coronainfektioun an der Klinick. “La saison se tiendra et elle nous émerveillera. Je formule le voeu que cette 75e édition du Festival d’Avignon sera celle du jeu théâtral retrouvé (...) je m’en régale par avance”, sot si.

Den Olivier Py seet sech “raisonnablement optimiste”. Et géif un dräi méiglechen Zenarie geschafft ginn. “Deen éischten, op dee mir weider hoffen, wier den normalen Oflaf. Den zweete wier e Festival mat enger reduzéierter Publikumszuel vir. Beim drëtten Zenario wiere manner Spectateuren an den zouene Säll zougelooss, awer en normalen Oflaf fir d’Sitten ënner fräiem Himmel méiglech.”

“Mir wäerte prett sinn”, huet den Direkter versprach. Déi 75. Editioun steet iwwerdeems ënnert dem Thema “Souvenir de l’avenir”.

Back to Top
CIM LOGO