Serie: Kultur-RentréeTrifolion zu Iechternach

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Rentrée 2019/2020 hu mer de Kulturhaiser am Land 3 Froe gestallt iwwer déi nei Saison.

3 Froen un de Ralph Britten, den Direkter vum Trifolion ...

1. Wat ass d’Spezialitéit vun Ärem Haus?

Den TRIFOLION ass e regionale Kulturzenter mat enger kultureller Vocatioun fir eng breet regional Bevëlkerung. Dat spigelt sech och an der Programmatioun erëm, déi sech un all Alter riicht. Et geet am Fong drëms, fir eng breet Bevëlkerung mat Kultur a Konscht a Verbindung ze bréngen a Kultur a Konscht zu engem Deel vum Liewe vun all Bierger ze maachen, esou wéi Iessen an Drénken en Deel vum Liewe vun all Bierger sinn.
Kultur a Konscht heescht Musek vu ville Genren, mä och dat geschwatent an dat geschriwwent Wuert hunn hir Plaz am Kader vu Literatur an Table-ronden. Mir engagéieren och bekannt a manner bekannt Kënschtler aus Lëtzebuerg an dem Ausland. Lokal Acteure spille keng manner grouss Roll a sinn eis Partner: d’Musekschoul, déi bei eis am Gebai ass, aner Schoulen (Lycée, Primärschoul etc.) an d‘Veräiner si, wat d’Kulturvermëttlung ugeet, ganz wichteg. Si alleguer hunn am TRIFOLION Plaz fir hir Manifestatiounen a gi vum TRIFOLION a sengem Personal professionell encadréiert.

2. Wat soll een an der neier Saison net verpassen?

Och an der Hierscht-Wanter Saison 19/20 presentéiert den TRIFOLION Iechternach nees e faarwege Mix:

Net ze verpassen: Rock de Ring: Mini-Festival ROCK DE RING mat KLΞIИ& Benoît Martiny Band, Special Guests: Circus of Doom & Seed to Tree, Grusel-Liesung mam Benno Fürmann mat der Lëtzebuerger Cellistin a Pianistin Caroline Mirkes op dem Cello an op dem Piano, Liesung Nico & Guy Helminger, Sweet Soul Music Revue, Gogol & Mäx, Klazz Brothers, Bernhard Hoecker & Wigald Boning.

© Trifolion

Fir Kanner: Independent Little Lies – „D’Glühschwéngchen“, Dan Tanson & Georges Urwald – „De Kapitän Mullebutz& seng Séiss-Waasser-Matrouse si wibbeleg“ - Neie Programm: Mullebutz 2, den Objetstheater – „Ei, ei, ei? – D‘Ee oder d’Hong, wie war als éischt do?“

Klazzbrothers Classic meets Cuba 30.11.2019
Klazzbrothers Classic meets Cuba 30.11.2019
© Mirko Joerg Kellner

3. Wéi e Kënschtler oder wéi eng Produktioun wéilt Der onbedéngt eemol an Ärem Haus programméiert?

De grousse Sall vum Trifolion ass vu senger Akustik hier am Fong op klassesch Musek ausgeriicht. Am Kader vum fréiere Festival hate mir vill weltberühmt Artisten am TRIFOLION, déi grad vun der Akustik begeeschtert waren. Dofir hu mir wëlles, fir an Zukunft och erëm dee Genre Klassik unzebidden. Fir 2020 ass en neie Piano-Zyklus an der Planung.

Benoît Martiny - Jérôme Klein
Benoît Martiny - Jérôme Klein

D'Visittekaart vum Haus:

Numm: Trifolion

Plaz: 2, Porte Saint Willibrord zu Iechternach

Alter: 2008 opgaangen

Gréisst: Plaz fir ronn 1000 Leit

www.trifolion.lu

Gogol & Mäx 22.11.2019
Gogol & Mäx 22.11.2019
© Axel Killian

D'Saison am Trifolion

Back to Top
CIM LOGO