BünTheaterstéck "Fake Facts" kuckt an d'Vergaangenheet

Patricia Baum
Spéitstens zënter dem Donald Trump senger Presidentschaft ass de Begrëff "Fake News" omnipresent.
Fake Facts
Am Theaterstéck “Fake Facts”, dat am Kader vun enger Serie am Trifolion organiséiert ginn ass, gëtt och zréck an d’Vergaangenheet gekuckt.

Ma Fake News ass awer net just e Phenomen aus eiser zäitgenëssescher Gesellschaft.

Am Theaterstéck “Fake Facts”, dat am Kader vun enger Serie am Trifolion organiséiert ginn ass, gëtt och zréck an d’Vergaangenheet gekuckt.
Am Zäitalter vun de soziale Medien kënnt een net méi laanscht d’Fake News. An der Theaterperformance „Face Facts“ läit de Fokus awer grad net op de soziale Plattformen. D’Verbreedung vu falschen Informatiounen ass och en historescht Phenomen. „Wéi zum Beispill bei der Hexenverfollegung, mam Hexenhammer, wou Fakte verdréint gi sinn an op Grond vun deene konnten du sou Inquisitiounen stattfannen. Dausende vu vermeintlechen Hexer an Hexe sinn doduerch um „Scheiterhaufen“ schlussendlech gelant. Sou Geschichten ginn et der vill an et war ganz spannend fir eis ze gesinn an och flott ze kucken, wat huele mir am Endeffekt eran an woumadder kann een perfomativ spillen.“ (Dahlia Kentges – Regisseurin)

D’Thema vun de Fake News gëtt hei op eng spilleresch Manéier mat Hëllef vun Text-Collagen traitéiert an hannerfrot. Wou kënnt dat Phenomen vu Falschmeldungen an d’Verdréie vu Fakten hir? Ma awer och Fake News als Outil fir d‘politesch Manipulatioun.

„Et gesäit een eben ganz gutt wéi virun allem Politiker vum rietse Rand argumentéieren an wéi se eigentlech alles ëmdréinen. Si sinn déi di Falschmeldungen verbreeden, di d’Fakten verdréinen an et ass awer genau dat wat si den ëffentlech- rechtlechen Medien virwerfen. Dat ass ganz interessant ze gesinn mat weiengen Strategien si virginn.“ (Dahlia Kentges)

En enkt Zesummespill op der Bün ass gefuerdert - d’Anouk Wagener an de Pitt Simon schlüpfen iwwert di ganz Performance ëmmer erëm a ganz verschidden Rollen.

„Et ass vill journalisteschen Text oder politesch Discoursen, wou ee ganz anescht muss domadder ëmgoen, wéi wann een elo en Theaterstéck huet, wou een op der Bün steet an och den Text weess. Hallef wësse mir den Text an hallef net. (Anouk Wagener)

„Dat ass eben ëmmer sou eng Gratwanderung – mir wëssen, et ass assuméiert mam Text. Bei eis ass awer och d’Loscht do, eis e bëssen dovunner ewechzedrécken an dofir hu mir just Häppercher auswenneg geléiert.“ (Pitt Simon)

Falschmeldunge si mëttlerweil Deel vun eisem Alldag – ob bewosst oder onbewosst.

„Fake Facts“ gëtt de Freiden am Trifolion an den 30. Mäerz am Cape zu Ettelbréck gespillt.

Back to Top
CIM LOGO