
Si hunn alle béid schonn a sëllege Formatioune Musek gemaach a sinn zanter enger Partie Joren d’Kärstéck vun der Band “The Tame and the Wild”. D’Seja an de Flëpp sinn awer net just e musikalescht Duo mee och eng Koppel.
Doheem an hirer Stuff hunn si natierlech iwwert hir Musek geschwat, wisou se op de Wee vun eenzele Singelen an net engem Album gaange sinn a wéi wichteg hinne Museksvideoe sinn. Si hunn awer och iwwert hir Verbonnenheet zu der Natur erzielt, wat si an och hir Meedercher fir Musek lauschteren a wat et heescht Musek net forcement als Haaptberuff ze maachen.
De komplette Podcast mat “The Tame and the Wild” fannt Dir op RTL Play.
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
