Legendär KreatiounenStar-Designer Luigi Colani gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De bekannten däitschen Designer Luigi Colani ass e Méindeg am Alter vun 91 Joer zu Karlsruhe un enger schwéierer Krankheet gestuerwen.
Colani 1973
Colani 1973

Dat huet seng Liewenspartnerin Ya-Zhen Zhao der Noriichtenagence AFP annoncéiert.

De Colani ass 1928 als Lutz Colani zu Berlin op d'Welt komm.

Seng Carrière als Designer huet hien an de 50er Joren zu Paräis ugefaangen. An de 60er huet e fir VW d'Basis vum Colani GT entwéckelt a méi spéit den T90 fir Canon.

Näischt war sécher virum Colani senge typesch ronne Formen. Lavaboen, Tasen, Béierglieser, Autoen, Vëloen, Computer ... Alles gouf futuristesch modeléiert.

Back to Top
CIM LOGO