FilmfestivalSpike Lee éischte schwaarze Jurypresident zu Cannes

RTL Lëtzebuerg
Den US-Regisseur Spike Lee soll als éischte Schwaarzen d'Jury vum franséische Filmfestival zu Cannes leeden. Dat hunn d'Organisateure matgedeelt.
© AFP (Archiv)

Den US-Regisseur Spike Lee war scho virun engem Joer als Jurypresident zu Cannes virgesinn, wéinst der Coronapandemie war de Filmfestival awer ausgefall. Dëst Joer ass d’Event vum 6. bis de 17. Juli geplangt.

Den 63 Joer ale Lee gouf mat Filmer wéi “Do the Right Thing”, “Malcolm X” a “BlacKkKlansman” bekannt. Hien thematiséiert ëmmer nees déi gesellschaftlech a politesch Roll vu Mënsche mat donkeler Hautfaarf.

D’lescht Joer hat de Lee “glécklech, iwwerrascht an houffreg”, op seng Nominatioun reagéiert. Den US-Regisseur huet eng enk Bezéiung zum Cannes-Festival, do hu siwe Wierker vun him Première gefeiert.

Wéi eng Filmer dëst Joer an der Kompetitioun konkurréieren, wëllen déi Responsabel am Juni bekannt ginn.

Back to Top
CIM LOGO