
De Pedro de Mena ass e spuenesch Kënschtler, deen am 17. Joerhonnert gelieft huet. Speziell u senge Skulpture ass, datt dës Aen aus Glas an Zänn aus Elfebeen hunn. Hie gëllt als ee vun de Meeschter vum spuenesche Barock.
Ganzer 8 Skulpture goufen en Donneschdeg den Owend zu Ettelbréck am Spidol duerch de Scanner an duerch d'Röntgen geschéckt. D'Aarbecht ass eng Kooperatioun tëscht dem Konscht- a Geschichtsmusée an dem Nordspidol. Souwuel d'Wëssenschaftler aus dem Musée, wéi och d'Personal aus dem Spidol maachen dës Nuetsschicht op reng fräiwëlleg Basis. Alles steet am Sënn an Zeeche vun der Wëssenschaft.