Kultur Last MinuteSimone Mousset, New Voices of Mudam, Le Dernier Ogre, Nuit Europ. littérature

RTL Lëtzebuerg
Danzkreatioun am Escher Theater, nei Stëmmen am Mudam, Theater am Gronn, Literatur an der KUFA.
© Mudam

BAL: Pride & Disappointment: 25. an 27. Juni

2017 huet Dänzerin a Choreographin Simone Mousset hiert Stéck mam selwechte Numm entwéckelt. “BAL” war eng Form vu gedanztem Documentaire deen awer op falsche Fakten baséiert war. Esou huet d’Simone Mousset eng Geschicht ronderëm hir Kreatioun erfonnt fir, ënner anerem, op d’Thema vun de falschen Informatiounen anzegoen.

Elo huet si “BAL” nach eng Kéier verschafft, zesummen mam Choreograph Lewys Holt. D’Resultat ass e gedanzten Mythos, wou et ëm méi existenziell Theme geet: eise séileschen Zoustand a Gefiller wéi Stolz an Enttäuschung, déi eis ëmmer erëm undreiwen oder och erofzéien.

BAL: Pride & Disappointment gëtt den 25. an 27. Juni am Escher Theater gespillt.

New Voices of Mudam: 26. an 27. Juni

De Projet “New Voices of Mudam” ass zesummen mam Veräin RYSE entstanen. RYSE huet sech zur Aufgab gemaach d’Potential vu jonke Flüchtlingen ze fuerderen. Si ginn op hirem Wee, fir en onofhängegt Liewen zeféieren, ënnerstëtzt a fir an der Aarbechtswelt Fouss ze faassen.
De Mudam wollt säi Bäitrag leeschten an deem si deenen en Zougang zur zäitgenëssescher Konscht ginn, déi sech fir d’Konscht oder de Beruff vum Konschtvermëttler interesséieren. Zum Schluss vun der Ausbildung sollen di nei Stëmmen vum Mudam dann och selwer Visitten duerch de Musée maachen, entweder an enger vun den offiziellen Landessproochen oder an hirer Mammesprooch.

© Mudam

D’Visitten vun den “New Voices of Mudam":

null

Le dernier ogre: 26. Juni

Am Kader vum Festival Bock op... vun der Abtei Neimënster spillt d’Compagnie “Le Cri de L’Armoire” hiert Stéck “Le dernier ogre”. D’Theaterstéck verbënnt Molerei mat Slam a Gittar a proposéiert esou eng audiovisuell Experienz.
“Le dernier ogre” ass eng Geschicht inspiréiert um “Petit Poucet de Charles Perrault”, wou zwee Narrative sech vermëschen. Eng Kéier gëtt d’Geschicht vun engem Mann erzielt, deen eng radikal Decisioun hëlt. Hie verléisst seng Stad a léisst seng Famill zréck. Zousätzlech gëtt d’Geschicht vu 7 Jongen erzielt, di an d’Haus vun engem Oger abriechen.
De Spektakel stellt eis Konzeptioun vun engem Monster, eis gutt Moral an eis gesellschaftlech Entscheedungen a Fro.

“Le dernier ogre” gëtt den 26. Juni an der Abtei Neimënster gespillt.

Nuit Européenne de la littérature 26. Juni KUFA

En interdisziplinären Owend bei deem d’Literatur am Mëttelpunkt steet. Mat verschiddene Performancen aus Danz, Musek, Liesung. AM Mëttelpunkt stinn Texter vun verschiddenen Auteuren a verschiddene Sproochen, déi sech mat Europa beschäftegen.

Mat ë.a. Rosalie Maes, Sylvia Camarda, Sascha Ley, Bartleby Delicate, Niels Engel, Philippe Meyrer, Thomas Gonzalez.
Mise en oeuvre: Ronald Dofing

Samschdeg 26.6. um 19h30 an der Kulturfabrik Esch.

La nuit européenne de la littérature

Back to Top
CIM LOGO