
Et ass eng Fro, déi ee sech ëmmer da stellt, wann ee gestuerwen ass oder wann een Doudesannoncen opsetze muss oder liest: Ass et d'Famill an Trauer oder d'Famill am Trauer? Anescht ausgedréckt: Ass et d'Trauer oder den Trauer, also ass d'Wuert weiblech oder männlech.
Op der Internetsäit Infolux.uni.lu vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni Lëtzebuerg ass de Prof. dr. Peter Gilles där Fro nogaangen. Mat Verweis op Beispiller schreift hien:
D'Wuert "Trauer" ass am Allgemenge feminin (d'Trauer), mee kann awer och a bestëmmte Konstruktiounen als e Substantiv am Maskulin agesat ginn, also den Trauer, am Trauer etc. [...] Dobäi schéngt et sou ze sinn, dass "d'Trauer" (fem.) éischter fir dat allgemengt Gefill geholl gëtt, wärend "den Trauer" (mask.) méi op den akutelle, konkrete Stieffall bezunn ass.
Am Luxemburger Wörterbuch (LWB), esou de Peter Gilles weider, géif d'Wuert generell als Maskulinum uginn ("M.'), mam Hiweis, dass "neuerdings auch" Feminin virkënnt ... dat war also "fréier". Haut hätt sech dat gedréit, esou den Auteur weider:
Allerdéngs sinn am haitege Sproochgebrauch dës maskulin Konstruktioune seele ginn. Se kommen an eisem Korpus zwar nach vir, awer an der Majoritéit gëtt effektiv de Femininum geholl.
D'Famill, d'Frënn, d'Mënsche sinn an déiwer Trauer.
Interessant ass den Hiweis, datt déi ugrenzend däitsch Dialekter och déi maskulin Konstruktione kennen, grad ewéi aner däitsch Regionalsproochen och d'Konstruktioun am Trauer kennen: "Se ass also net op Lëtzebuerg beschränkt an och méi al."
D'Hierkonft vun der Konstruktioun, esou de Peter Gilles, kéint een awer just partiell rekonstruéieren. Eng méiglech Erklärung liwwert de Professer awer mat:
Eng Hypothees wier, dass "den Trauer" e Fragment vun enger ursprénglech méi laanger Wuertbildung oder Konstruktioun war, déi als Kär e maskuliint Substantiv hat (am Genre: "am Trauerzoustand sinn" (mask.)). Iergendwann muss dann dëst maskuliint Zousazwuert ausgefall sinn an "den Trauer" huet sech an där Bedeitung fixéiert.
An hie liwwert en ähnlecht Beispill:
De Prozess vum Verloscht vum leschte Wuert mat Bäibehale vum urspréngleche grammatesche Geschlecht fënnt sech analog och bei "de Kanddaf" (mask.), wat op "de Kanddafdag" zeréckzeféieren ass. De maskulinen "Dag" ass ausgefall, mee d'Wuert "Kanddaf" ass trotzdeem maskulin bliwwen an net (op d'mannst fir eng Partie Leit) feminin ginn.
Allerdéngs, esou de Peter Gilles, géif sech am Moment keen historeschen Textbeleeg fir déi Hypothees fannen, dass och bei "den Trauer" e Wuert ewechgefall wier.
Iwwregens: Och de "Lëtzebuerger Online Dictionnaire" (LOD.lu) kennt d'Trauer an den Trauer, mat liicht ënnerschiddlecher Bedeitung, wéi ewell uewen erkläert.