Dem Ken Rischard säin éischte Kuerzfilm ass en Documentaire iwwer de Süde vun eisem Land, a virun allem iwwer d’Stolindustrie.
Update: 14.06.2026 13:59
“Glimmen” vum Ken Rischard
Een Documentaire an deem et ëm de Minett an dat industriellt Ierwe vu senger Eisen- a Stolindustrie geet.
De Lëtzebuerger Regisseur ass de Spuere vun deemools nogaangen an huet mat fréieren ARBED-Aarbechter iwwer hir Erënnerungen an Erliefnisser geschwat. Et ass him dorëms gaangen, eng kollektiv Memoire vum Süden ze portraitéieren.