Poetry Slam a SchoulenSchüler a Schülerinne setze sech mam Thema "Fräiheet" auserneen

RTL Lëtzebuerg
Beim Poetry Slam geet et dorëm, fir a Wierder Emotiounen auszedrécken a se rhythmesch ze presentéieren.
Poetry Slam a Lëtzebuerger Lycéeën
Déi Jonk setze sech mam Thema “Fräiheet”, grad a Coronazäiten, auserneen.

Am Lënster Lycée, der Europa Schoul an am Sportslycée kréien den Ament jonk Schüler d’Méiglechkeet, iwwert hir Gefiller an Zäite vu Corona ze slamen, an dat mat Hëllef vun Profien aus deem Beräich. Organiséiert gëtt dat ganzt vum Institut Pierre Werner an der Fondatioun Sommer.

Eng Iddi, en Text an duerno eng Show, dat sinn déi dräi Haaptkomponente vum Poerty Slam. A genee dat sollen elo Schüler hei am Land mat op de Wee kréien. Den Institut Pierre Werner gesäit an dëser Ausdrocksform eng grouss Chance fir Jugendlecher.

Déi verschidde Klassen aus dräi Lycéeë gi vun zwee Professionellen aus dem Milieu begleet, dem Bas Böttcher an dem Florian Cieslek. Allebéid si bekannte Poetry Slamer am däitschsproochege Raum, mat de Schüler zu Lëtzebuerg schaffe si ronderëm d’Thema Fräiheet an dat zemools a Covid-Zäiten.

Coronabedéngt kann dann dëst Joer keen Optrëtt sinn, ma dofir gouf e klenge Video mat de beschte Momenter zesummegeschnidden. Fir déi Schoulen, déi sech dëst Joer net ugemellt hunn, ass et awer net ze spéit. Dëse Programm wëll den Institut Pierre Werner vun elo un all Joer ubidden.

Back to Top
CIM LOGO