Mea culpa vum Capitani-ProduzentSamsa Film entschëllegt sech fir stereotypesch Casting-Annonce

RTL Lëtzebuerg
Déi Lëtzebuerger Filmproduktiounsgesellschaft gesäit sech no enger Annonce mat Reprochë vu Rassismus konfrontéiert.
© Casting Lux

Konkret geet et ëm eng Casting-Annonce fir déi zweet Saison vun der beléifter Krimiserie „Capitani“. An der Annonce sicht Samsa ënner anerem no Männer am Alter vun 22-55 Joer mat afrikaneschen Originnen, déi an der Serie sollen eng Waff an der Hand halen, oder 5 afrikanesche Männer tëscht 16 a 35 Joer, déi Dealere solle spillen.

Donieft huet d’Produktiounsgesellschaft och no engem Zitat en „homme grand et costaud pays de l’Est pour videur de boite“ gesicht.

Doduerch krut Samsa Film virun allem via sozial Netzwierker Rassismus reprochéiert a se géingen einfach déi klassesch Klischeeë bedéngen an domadder negativ Stereotyppe vun der afrikanescher Populatioun promouvéieren.

An deem Kader huet sech d’Lëtzebuerger Filmproduktiounsgesellschaft Samsa Film elo via Twitter entschëllegt. Se géinge sech fir déi net-appropriéiert Terme vun der Agence, déi si mam Casting beoptraagt haten, entschëllegen.

Back to Top
CIM LOGO