Et ass eng ganz speziell Editioun, net just fir d’Organisateuren an de Public, ma och fir den internationale Jury, deen de Gewënner vun der offizieller Kompetitioun designéiert.
D’Sandy Elsen hat mat der Presidentin vum internationale Jury, dem Sandrine Bonnaire geschwat.
Duerch d’Covid-Kris ass beim LuxFilmFest dëst Joer sou munches anescht wéi gewinnt. Sou huet ee fir dës 11. Editioun vum Filmfestival och op d’Presenz vun internationale Gäscht aus der Filmbranche misse verzichten – d’Juryen inclus. Deen internationale Jury, besteet aus 7 Experten, déi alleguerten zu Paräis wunnen. Dat erméiglecht et, dass si sech wéinstens fir d’Berodungen ëm de Grand Prix physesch zesummesetzen an austausche kënnen.
Dat ass nawell eng immens speziell Situatioun, fënnt och d’Jury-Presidentin Sandrine Bonnaire. Déi franséisch Actrice a Schauspillerin verbënnt mat Lëtzebuerg awer nach vill méi wéi just d’Presidence vun dësem 11. LuxFilmFest. 2012 hat si hei hiren éischte Fiktiounsfilm “J’enrage de son absence” realiséiert.
Zanter en Dënschdeg deliberéiert d’Sandrine Bonnaire zesumme mat deenen anere 6 Membere vum internationale Jury iwwer de Gewënnerfilm vun der offizieller Kompetitioun. Net manner wéi 8 Filmer sinn hei an der Course fir de Grousse Präis vum Luxembourg City Film Festival.
