
Am "Café des artistes" am Gronn huet de 600. Mënsch am Weltraum dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verzielt, wéi d'Äerd vun do uewen ausgesäit, wéi sech geduscht gëtt, firwat se Sport maachen, awer och wat et z'iesse gëtt, wéi et mam Alkohol ass an dass se eng Rüg kruten, well se op sengem Gebuertsdag gedanzt hunn.
Piano: Marc Schmidt
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.