
3 Froen un de Steph Meyers, Direkter vun de Rotonden zu Bouneweg ...

D’Spezialitéit vum Haus ass keng Spezialitéit ze hunn, daat heescht oppe si fir alles, wat kulturell interessant kéint sinn. Dat mécht, dass mer eng transversal Programmatioun hunn, déi sech u Kanner an Erwuessener, Amateuren vum Lieu, de Konschtaddict, de Méloman oder den Theaterenthousiast, riicht.

2. Wat soll een an der neier Saison net verpassen?
Déi eenzeg richteg Äntwert op dës Fro ass natierlech ëmmer erëm: alles. Et kann een awer op e puer spezifesch Evenementer agoen, wou een den Focus kann aus spezifesche Grënn setzen.
Well mir éischter kleng sinn, an nach net sou bekannte Kënschtler oder Produktiounen programméieren oder produzéieren, hu mir net esou richteg de Probleem, dass mir net un déi Kënschtler kommen mat deene mir schaffe wëllen.
Ee vun deene rare Museker, deene mer awer hannendru lafen (fir awer op d’Fro ze äntweren): Four Tet. Vläicht an e puer Joer, fir d’Ouverture vun der zweeter Rotonde :-).

D'Visittekaart vum Haus:
Numm: Rotonden
Plaz: Place des Rotondes, Lëtzebuerg
Alter: Atelieren vun den CFL vun 1875-2000, 2007 fir d'éischt als Kulturzenter genotzt, fest Plaz no der Renovatioun zënter 2016
Gréisst: Diameter vun 150 Meter pro Rotonde - eng kann (nach) net genotzt ginn.