20. AnniversaireRencontres Musicales de la Vallée de l’Alzette

RTL Lëtzebuerg
Rencontres Musicales de la Vallée de l’Alzette heescht e Festival vun aller Musek, deen all Joer Concerten am Uelzechtdall ubitt.
Rencontres Musicales de la Vallée de l’Alzette
Rencontres Musicales de la Vallée de l’Alzette heescht e Festival vun aller Musek, deen all Joer Concerten am Uelzechtdall ubitt.

Dëst Joer konnt den 20. Anniversaire gefeiert ginn. Ee vun de Concerte vum Anniversaire war e Freideg den Owend zu Miersch an der Kierch.

Di Haaptax vun den 20 Joerfeierlechkeete louch zu Miersch mat e puer Concerten an enger Expo am Mierscher Kulturhaus. Ugefaangen huet dat Ganzt awer virun 20 Joer zu Lëntgen, wou de President Rosch Mirkes sech getraut huet, méi aus engem lokalen Event ze Maachen.

Méi maachen, huet geheescht, Gemengen am Uelzechtdall mat an d’Boot ze huelen an all Joer e Concert mam Thema “Al Musek” an e puer Kierche vun deene Gemengen ze organiséieren. Dat si Colmer-Bierg, Lëntgen, Luerenzweiler, Miersch, Steesel a Walfer.

Et ass och e Public fonnt ginn an deen huet sech gehalen, respektiv erniert. D’Organisateuren hate ni Problemer, fir d’Kierchen ze fëllen. D’Aschränkungen zënter engem Joer hunn natierlech Auswierkunge gehat. Manner Public heescht manner Recetten, mee déi Haaptsponsore sinn trei bliwwen an esou konnten d’Feierlechkeete fir den 20. Anniversaire duerchgefouert ginn. Och fir d’Zukunft ass geplangt an de Programm fir 2022 steet schonn.

De Concert e Freideg an der Mierscher Kierch war mam Ensemble Ad Libitum a Musek fir d’Passiounszäit vum Diertrich Buxtehude, ee Compositeur aus der Zäit vum Barock.

Back to Top
CIM LOGO