Podpurri - Mir schwätze KulturReinhold Beckmann

RTL Lëtzebuerg
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Hien ass vrun allem bekannt als däitschen Talkmaster a Sport-Reporter. Jorelaang huet hie Fussballmatcher iwwerdroen an ënner anerem och Sport-Emissiounen op der ARD a SAT1 moderéiert. Ausserdeem huet de Reinhold Beckmann 16 Joer laang méindes owes seng Talk-Show “Beckmann” op der ARD presentéiert a produzéiert.

Datt hien awer och e gudden a passionéierte Museker ass, dat ass eréischt an de leschte Jore bekannt ginn. Dës Woch kënnt säin drëtten Album “Haltbar bis Ende” mat selwer komponéierte Stécker an Texter eraus, déi hie bei sengem éischte Solo-Concert den 30. Januar zu Ettelbréck am CAPE scho virgestallt huet.

Hien ass bekannt als däitschen Talkmaster a Sportreporter. Zënter e puer Joren ass hie mat grousser Passioun als Museker aktiv.

An der Loge nom Soundcheck a virum Optrëtt huet en dem Christiane Kremer nach e Podcast-Interview ginn an dobäi geschwat iwwer seng éischt Kultur-Emissioun mam Helge Schneider, Fussballmillionären, d’Loscht um Talk, zoue Kulturhaiser an Däitschland an d’Freed endlech Zäit fir Musek ze hunn.

www.reinholdbeckmann.dePodpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL Podcasts abonnéieren

Back to Top
CIM LOGO