Zu SchierenRéimervilla gëtt elo mat enger Zeltkonstruktioun geschützt

RTL Lëtzebuerg
Doduerch soll si sécher si viru Reen, Frascht a Wand, dat sot eis am Interview de Foni Lebrun, de Chef vum nationalen Archeologie-Zenter.
© Nico Graf

Réimervilla zu Schieren - 2. Deel /Reportage Nico Graf

© Nico Graf (RTL)

Déi wäertvoll Wandmolereien a Ruine sollen esou protegéiert an och conservéiert ginn. An dat Zelt wier och eng éischt konkret Iwwerleeung, wéi an Zukunft de Site vun der Réimervilla kéint ausgesinn: also mat engem Gebai driwwer, dat Schutz bidde géif an et och dem Public erlabe géif, déi bal 2.000 Joer al Réimer-Ruine mat hire Fresken ze visitéieren.

De Staat, d'Gemeng Schieren, de CNRA an d'P&Ch kooperéieren dann do fir en Avenir vun eisem Passé.

Réimervilla zu Schieren: Deel 1 - Reportage Nico Graf

Zeltkonstruktioun fir Réimervilla
D'Schieren Réimervilla krut e Schutz opgeriicht.

Back to Top
CIM LOGO