Serie: Kultur-RentréePrabbeli zu Wolz

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Rentrée 2019/2020 hu mer de Kulturhaiser am Land 3 Froe gestallt iwwer déi nei Saison.
Betsy Dentzer
Betsy Dentzer
© Jeannine Unsen

3 Froen un d'Elvira Mittheis aus dem "Prabbeli" Wolz ...

Elvira Mittheis
Elvira Mittheis

  1. Wat ass d’Spezialitéit vun Ärem Haus?

De "Prabbeli"zu Wolz ass e soziokulturelle Kulturzentrum mat engem Kino, engem neie Sall am ale "Brandbau" an engem Konschtgaart. Genau esou villfälteg wéi d'Plaz ass och de Programm. Nieft Musek am Beräich Inie/Alternativ, Jazz an neoklassescher Musek an de Serien "Brandbau Salon" a "Brandbau Session", gëtt et Theater, Danz an e pädagogesch wäertvolle Programm fir Kanner mat Workshoppen.

Fritzi, eine Wendewundergeschichte (26.10.2019)
Fritzi, eine Wendewundergeschichte (26.10.2019)

2. Wat soll een an der neier Saison net verpassen?

Op kee Fall verpasse soll een déi amerikanesch Sängerin Jesca Hoop, déi nei Creatioun "Tête-à-tête" vum Betsy Dentzer, déi mat enger aner Erzielerin zesummen Geschichte fir Kanner an Erwuessener op Wolz bréngt (an dono an d'KUFA op Esch an an d'Kulturhaus op Nidderanven). Mir freeën eis och op den den neoklassesche Pianist Jean-Michel Blais an op den "Danzdag" mam Giovanni Zazzera a Georges Maikel Pires Monteiro, déi zwou Chroreographien am Beräich zäitgenësseschen Danz weisen.

Jesca Hoop@ Brandbau Salon 17.10.2019
Jesca Hoop@ Brandbau Salon 17.10.2019

  1. Wéi e Kënschtler oder wéi eng Produktioun wéilt Der onbedéngt eemol an Ärem Haus programméieren?

Mir wëllen eis keng Grenze setzen, awer och näischt am Viraus verroden, soss geet et vläicht net an Erfëllung ...

Giovanni Zazzera
Giovanni Zazzera
© Bohumil Kostohryz

D'Visittekaart vum Haus:

Numm: Prabbeli Wolz

Plaz: 8, rue de la Montagne  L-9538 Wiltz

Alter: 2004 - gëtt geréiert vu "Coopérations"
 
Spezialitéiten: Kino, Concert, Danz, Atelier protégé

www.prabbeli.lu

Jean-Michel Blais 29.11.2019 @ Brandbau Salon
Jean-Michel Blais 29.11.2019 @ Brandbau Salon

Back to Top
CIM LOGO