De portugisesche Regisseur Pedro Costa huet dëst Joer de Filmfestival vu Locarno gewonnen.
Update: 17.08.2019 17:06
Hie gouf mam gëllene Leopard ausgezeechent fir säi Wierk "Vitalina Varela". Am Film geet et ëm d'Liewen vun enger Fra, déi aus dem Cap Vert kënnt an an den aarme Quartieren zu Lissabon kämpft, fir z'iwwerliewen.