Dësen Open Air-Museksfestival huet leschten Donneschdeg ugefaangen a bis en Dënschdeg gedauert.
15 verschidde Bands haten sech ugemellt. Aus dem In- an Ausland. All Museksrichtung war dobäi vertrueden. Vun Hip Hop bis elektronesch Musek.
Hannert der Coque am Park huet sech de Festival ofgespillt. Déi Responsabel haten e sanitäert Konzept ausgeschafft fir schlussendlech 450 Leit kënnen op de Site ze loossen.
Virun der Entrée war Teststatioun opgeriicht. Duerch all Nueslach fueren, eng véierel Stonn waarden an duerno mam negative CovidCheck-Ziedel am Grapp iwwert d’Entrée eran. Ouni Mask, ouni Distanz konnt dunn gefeiert ginn.
Déi offiziell Festivitéiten an der Stad Lëtzebuerg waren annuléiert. An awer ware vill Leit op de Been. Aus villen Ecker an der Stad ass Musek geklongen. Ewéi zum Beispill op der Plëss.
Terrasse wouere gutt besat, op ville Plazen am Land gouf en Dënschdeg den Owend gefeiert. Sou zum Beispill och zu Klierf.
An 12 Méint ass vläicht nees eng méi lass.