Dëst Joer dierfe sech ënner anerem d’Superjhemp-Fans op eng Premiere freeën. Fir de Lucien Czuga an de Marc Einsweiler lafen den Ament déi lescht Preparatiounen, ier et lassgeet. Pénktlech fir d’Eemaischen kënnt eng nei Figur aus eisem lëtzebuergeschen Superhelden-Comic als Péckvillchen eraus, an dat ass d’Joffer Lamesch. De Péckvillchen nennt sech Lamaïschen.
Et ass deen éischte weibleche Péckvillchen, deem een och ofgesäit, dass mer et hei mat enger Madamm ze dinn hunn. Et ass awer net deen éischte Péckvillchen aus dem Superjhemp mä nom “Vullejhemp” an dem “Schroe Villchen” schonn deen 3.
De Marc Einsweiler aus dem Comité vun der Nouspelter Emaischen war fir den Detail zoustänneg. Nodeems de Villchen aus der Form koum an nom éischte Brand glaséiert gouf, huet hien a minutiéiser Handaarbecht d’Lamaïschen ugedoen a gemoolt.
Gläichzäiteg mat der Lamaïschen wäert awer och nach en anere Péckvillchen dat eent oder anert Sammlerhäerz dëst Joer méi héich schloen doen. Et kënnt nämlech och nach eng Péckvillche-Schwëster vun engem Virgänger dobäi, an zwar de Vaccino.
Dëse Samschdeg ass et dann esou wäit, um Punkt 8 Auer moies geet den Online-Verkaf lass, a wéi seet een ëmmer esou schéin, den éischten ass vir.