Kulturzenter "Opderschmelz"Nei Elementer an der Programmatioun

RTL Lëtzebuerg
Dës Woch huet de Kulturzenter "Opderschmelz" d'Programmatioun vun der "Hallef-Saison" also bis Dezember presentéiert.
© Archiv

Duerch déi verschidde Sparte géif een d'Traditioun vum Haus erëmerkennen, wann och eng Partie nei Elementer mat abruecht goufen. E Beispill ass do de Festival "Touch of Noir" - e grousst Elementer am Hierschtprogramm, sou de John Rech, deen zanter Mäerz den neien Direkter vum regionale Kulturzenter ass.

Extrait John Rech (1)

Enn November ass e Concert vum Tom Rosenthal - eng Kollaboratioun mam Atelier. Fir de regionale Kulturzenter d'Méiglechkeet een neie Public unzezéien.

Extrait John Rech (2)

De komplette Programm vum Kulturzenter Opderschmelz fann Dir op hirem Internetsite.

Back to Top
CIM LOGO