
The Red Suitcase ass e Kuerzfilm vum Regisseur Cyrus Neshvad. De Film erzielt d’Geschicht vun enger jonker iranescher Fra, déi um Fluchhafen zu Lëtzebuerg ukënnt. Si huet eng rout Wallis bei sech a steet ënner staarkem Drock, well si géint hire Wëlle bestuet soll ginn. Um Fluchhafe muss si eng schwiereg Entscheedung treffen: Soll si hire geplangte Liewenswee akzeptéieren oder probéieren, sech dovunner ze befreien? An enger eenzeger Nuecht entwéckelt sech eng intensiv, emotional Geschicht iwwer Fräiheet, Angscht a Selbstbestëmmung. De Film huet verschidde Präisser op Festivaller weltwäit gewonnen, dorënner Publikumspräisser a Präisser fir de beschte Kuerzfilm. E war och fir de Best Live Action Short Film bei de 95. Academy Awards am Joer 2023 nominéiert.
Wärend d’Liewe lues a lues op en Enn geet, fënnt e Grousspapp duerch d’Konscht e Wee, fir sech nach eng lescht Kéier mat senger Enkelin auszetauschen. E Kuerzfilm deen op ville Festivaller an der ganzer Welt gelaf ass an ausgezeechent gouf an 2021 de Lëtzebuerger Filmpräis fir de beschte fiktive Kuerzfilm gewonnen huet.

Béid Filmer lafe wéi gesot e Samschdeg den Owend vun 20 Auer bei eis op der Tëlee. Bis de 17. Mäerz kënnt Dir béid awer och um RTL Play kucken.