Interview mam Auteur Boris PfeifferGeneratioune vu Kanner si mat den "Die drei ??? Kids"-Bicher opgewuess

Bea Kneip
De Boris Pfeiffer (1964 zu Berlin gebuer) huet zënter 2005 iwwer 100 Bicher, Musicals an aner Formater fir d'Serie "Die drei ??? Kids" geschriwwen
© Foto Boris Pfeiffer: Nelson Cheung

De Boris Pfeiffer huet a Grondschoulen hei zu Lëtzebuerg aus senge Bicher gelies, an huet sech och Zäit geholl fir bis an d’RTLCity laanschtzekommen! Am Interview erzielt hien, wéi déi dräi Fragezeichen Kanner, Elteren, a Grousseltere gläichermoosse begeeschtere a wat him beim Schreiwe wichteg ass. Ausserdeem verréit hien, wat hie soss nach esou schreift, vu Kannerbicher, déi an der ganzer Welt gelies ginn, iwwer Romaner fir Jugendlecher an Erwuessener bis hi bei Theaterstécker an Dréibicher. Souguer beim Tatort huet hie scho matgeschafft!

De Boris Pfeiffer am Interview

Wéi hunn d’Kanner de Besuch vum Boris Pfeiffer an hirer Schoul empfonnt? Hei en Temoignage vun engem Enseignant aus der Schoul vu Jonglënster, dem Tom Klees:

“Ee Schrëftsteller fir unzepaken!

De Moien hat déi Lënster Schoul ee besonnesche Besuch: De bekannten däitsche Schrëftsteller Boris Pfeiffer ass komm, fir de Kanner aus senge Bicher virzeliesen. Am Cycle 2, 3 a 4 ware jeeweils ronn 100 Kanner dobäi, déi mat groussem Interessi der Liesung nogelauschtert hunn.

© Tom Klees

Am Ufank vun all Séance huet de Schrëftsteller de Kanner fir d’éischt vu sech selwer a vu senger Passioun als Schrëftsteller erzielt. Dobäi konnten d’Schüler och Froe stellen. Déi ware
ganz ënnerschiddlech: Wéi vill Bicher hie geschriwwen huet (ronn 250), wéi eigentlech e Buch entsteet oder wien den éischten Auteur vun der Serie ‘Die drei ???’ war. Hei konnt de Boris Pfeiffer erklären, datt dëst de Robert Arthur war, an datt déi éischt Geschicht 1964 erauskoum.

No an no ass de Schrëftsteller op d’'Theeme vu senge Bicher agaangen an huet mat vill Passioun erkläert, firwat hien déi gewielt huet. Dacks stécht hannendrun eng kleng Anekdot oder eng perséinlech Erfarung, déi hien inspiréiert huet.

De Boris Pfeiffer huet ganz expressiv erzielt an d’Kanner richteg an d’Geschichten eragezunn. Hie war ganz kannerno, huet d’Schüler aktiv mat agebonnen an d’Geschichten meeschtens fräi erzielt. Nëmme bei besonnesch spannende Momenter huet hien direkt aus dem Buch virgelies. D’Kanner ware vun Ufank bis zum Schluss ganz opmierksam a mat Begeeschterung dobäi.

Am Cycle 2 huet hien ënner anerem aus sengen ‘Die drei ??? Kids-Bicher ‘an aus der Serie Survivors virgelies an erzielt. Am Cycle 3 stoungen ënner anerem d’Buch Celfie an d’Serie
‘Das wilde Pack’ am Mëttelpunkt.

© Tom Klees

De Boris Pfeiffer war dës Woch op Liesrees zu Lëtzebuerg: Gëschter a virgëschter huet hien zu Waasserbëlleg virgelies, a muer steet nach eng Liesung zu Born um Programm. Duerno
geet et nees zréck op Berlin.

Alles an allem war et e ganz gelongene Moien, deen de Kanner sécher nach laang an Erënnerung bleift. D’Schoul wier op alle Fall bereet, de Boris Pfeiffer nach eng Kéier zu Jonglënster ze empfänken.”

© Tom Klees

Back to Top
CIM LOGO