CFL deele matWéinst Streik an der Belsch kann et zu Perturbatiounen am Reseau kommen

RTL Lëtzebuerg
An der Belsch gëtt vun e Sonndeg um 22 Auer bis e Méindeg um 22 Auer mat engem Streik gerechent.
© AFP

Wéi d’CFL matdeelen, besteet de Risiko vu Perturbatiounen am Lëtzebuerger Zuchreseau, well an der Belsch e Streik annoncéiert gouf. Dëse Streik soll vum 8. bis den 11. Mäerz goen.

Dofir ruffen d’CFL och hir Passagéier op, fir sech um Site oder der App vun der nationaler Bunn ze informéieren, ob hir Zich fueren oder ob et zu Ausfäll oder méigleche Verspéidunge kënnt. Betraff sinn déi dräi Linnen, déi mat der Belsch verbonne sinn, also Lëtzebuerg-Klengbetten-Arel, Lëtzebuerg-Ettelbréck-Gouvy a Lëtzebuerg-Käerjeng-Athus.

Back to Top
CIM LOGO