En Donneschdeg den Owend war d’Ouverture vun der 16. Editioun vum LuxFilmFest. An de nächsten néng Deeg ginn iwwer 200 Projektioune gewisen, déi an de verschiddene Kategorie lafen. 18 Filmer goufe fir d’Kompetitioun nominéiert an hunn de 14. Mäerz d’Chance, vun enger internationaler Jury zum beschte Film gekréint ze ginn.
D’Chiara Lentz, d’Programmatrice vum Lëtzebuerger Film Festival, erkläert um RTL-Mikro, datt ee ronn 1.000 Filmer erakrit huet, déi beim LuxFilmFest wollte matmaachen. A verschiddene Comitéen a mat professionelle Leit huet een dowéinst missten eng Preselektioun treffen. An engem vun de Comitéë gëtt sech méi mat den Documentaire beschäftegt, wärend deen anere sech op d’Fiktiounsfilmer konzentréiert. Zum Schluss huet een eben dës 200 Filmer erausgesicht an et ass ee mat der Selektioun ganz zefridden, esou nach d’Chiara Lentz.