Medezin trëfft op ReliounLongeflilleke verziere Kierchefënsteren zu München

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 1.000 Röntgen-Opname goufe vum Kënschtler Christoph Brech benotzt, fir d'Fënsteren an der Heilig-Kreuz-Kirche zu Giesing (München) ze dekoréieren.
© Facebook / Erzbistum München und Freising

Och wa Longen op den éischte Bléck näischt mam Glawen ze dinn hunn, gëtt et duerchaus e Lien tëschent béiden: D'Longeflilleke erënneren nämlech un d'Form vun Engelsflilleken.

Aus historeschem Point de vue ass et och interessant, dem Wilhelm Conrad Röntgen seng Erfindung an d'Gotteshaus ze integréieren, well d'Stralen, déi no him benannt goufen, 9 Joer no der Aweiung vun der Heilig-Kreuz-Kirche entdeckt goufen.

En innovatiivt kënschtlerescht Konzept, dat optesch uspriechend ass, awer gläichzäiteg bei sou munche Gleewege fir Opreegung gesuergt huet.

Back to Top
CIM LOGO