
Déi kleng Stad Arles a Südfrankräich ass bekannt fir hir Geschicht, hir Kultur an zënter iwwer 50 Joer fir hir grouss Léift zu der Fotografie. Vill grouss Kënschtler, dorënner och de Vincent van Gogh, hu sech vum Flair vun der Stad inspiréiere gelooss. E Flair, deen och haut nach ëmmer inspiréiert. D’Kulissen, an deenen ausgestallt gëtt, si markant a stinn am Kontrast zum Medium Fotografie.
Zënter 2017 këmmert d’Associatioun Lët’z Arles sech ëm d’Participatioun vu Lëtzebuerger Artiste beim bekannten internationale Fotofestival an der Provence.
D’lescht Joer hunn och d’Rencontres photographiques misse wéinst der Pandemie ofgesot ginn. D’Lisa Kohl an den Daniel Reuter haten also ee Joer méi Zäit, fir d’Ausstellung an der “Chapelle de la Charité” ze preparéieren. Ee Joer, dat béiden Artisten an och den Organisateure vu Lët’z Arles trotz allem ze gutt komm ass. Duerch déi gewonnen Zäit konnten d’Projete vun den zwee Fotografen nach weider verdéift ginn an d’Installatioun an der Kapell konnt gutt preparéiert ginn.
D’Kapell ass eng komplizéiert Plaz fir auszestellen. Ma doduerch, datt d’Fotografen “In Situ” geschafft hunn, ergëtt d’Ausstellung e Gesamtbild wou d’Architektur, den Dekor an d’Fotografie Hand an Hand ginn.
D’Ausstellung mat de Projeten “Providencia” (Daniel Reuter) an “Erre” (Lisa Kohl) ass zënter dem 4. Juli fir de Public op. Wéinst der Pandemie ginn et dëst Joer ëm déi 20 Ausstellungen manner wéi déi lescht Joren. An och bei de Visiteurszuele mécht sech déi aktuell Situatioun bemierkbar. D’Ausstellungen dierfe just mat Mask besicht ginn an an der Entrée gi Leit ofgezielt, fir grouss Rassemblementer ze vermeiden.
Och wann et eng speziell Editioun vum Festival ass, sinn d’Echoen iwwert d’Lëtzebuerger Ausstellung awer immens positiv. D’Visibilitéit ass grouss an d’Projeten an hir Installatioun an der Kapell komme gutt un.
Bis de 26. September kann een d’Ausstellung op d’Rencontres photographiques kucke kommen.