
Ënnert anerem deene Froen gi mer dëse Summer an enger Serie no, an där sech alles ëm eng Partie vun de klenge Librairien hei zu Lëtzebuerg dréint. Mir huelen Iech mat a verschidde Bicherbutteker uechtert d'Land, weisen Iech, wat se ze bidden hunn a wat se vun aneren ënnerscheet.
D’Libraire Zimmer kennen déi Meescht vun Dikrech, ma zanter Februar gëtt et och en zweete Bicherbuttek zu Maarnech. D’Romy Liefgen ass à la base assistante sociale. Si huet schonn als Studentin zu Dikrech bei der Madamm Zimmer geschafft an huet dunn no 13 Joer an hirem Beruff decidéiert, en neie Wee ze goen. Zu Maarnech fënnt een op 280 Quadratmeter e bësse vun allem. E Wonsch vum Romy Liefgen fir d’Zukunft ass e Café an der Libraire.
Serie Librairien (5): D'Bicherhaischen
Serie Librairien (4): "Bicherkueb", e klenge Buttek mat sozialer Iddi
Serie Librairien (3): Librairie Diderich gëtt an der 3. Generatioun geféiert.
Serie Librairien (2): ChrisTina’s Bicherbuttik vun 2 Frae mam nämmlechte Virnumm.
Serie Librairien (1): Den Alinea an der Beaumontsgaass besteet zanter 1995.