TheaterLëtzebuerger Première vum Stéck “Calimero” am Escher Theater

RTL Lëtzebuerg
Inzenéiert an opgefouert gëtt et vum belschen Trio Transquinquennal - dräi Männer, déi sech selwer als privilegéiert Norm bezeechnen.
"Calimero" am Escher Theater
Inzenéiert an opgefouert gëtt et vum belschen Trio Transquinquennal - dräi Männer, déi sech selwer als privilegéiert Norm bezeechnen.

A genee déi Positioun an der haiteger Gesellschaft soll d’Stéck hannerfroen. Eng Mëschung aus traditionellem Theater an Diskussioun tëschent Publikum a Kënschtler. De belschen Trio Transquinquennal gëtt et schonn zanter 32 Joer. Wéinst der Pandemie hate si lo bal ee Joer Paus vun der Bün. Um Dënschdeg ass et dann awer rëm sou wäit.

Um Programm: „Calimero“, e Stéck, an deem et drëms geet, d’Positioun vum Mann an der haiteger Gesellschaft ze diskutéieren a seng Privileegien ze hannerfroen.

Iwwer déi lescht 5 Joer huet den Trio d’Stéck schonn etlech Mol opgefouert. Vue dass den Text awer gréisstendeels improviséiert ass an de Public och ka matschwätzen, ass d’Resultat awer ëmmer en anert.

“Calimero” kann ee vum 24. bis de 26. an den Escher Theater kucke goen.

Back to Top
CIM LOGO