FilmpräisserLëtzebuerger Koproduktioune bei der Berlinale, Golden Globes an Oscaren

RTL Lëtzebuerg
Leschte Freideg gouf Paul Thiltges Distributions mam “Goldener Bär” fir de Film “Bad Luck Banging or Loony Porn” bei der Berlinale ausgezeechent.
Filmpräisser bei Lëtzebuerger Koproduktiounen
Leschte Freideg gouf Paul Thiltges Distributions mam “Goldener Bär” fir de Film “Bad Luck Banging or Loony Porn” bei der Berlinale ausgezeechent.

Dat ass d’Auszeechnung fir de beschten internationale Laangzäitfilm. Ma och soss ass rëm eng Rëtsch Lëtzebuerger Koproduktioune fir international Präisser nominéiert. Den Documentaire “Collective”, koproduzéiert vu Samsa Film, ass bei den Oscare souguer an zwou Kategorië geshortlist ginn - dat heescht, dass si ënnert den Top 15 sinn. E Méindeg ginn di definitiv Nominéierunge bekannt ginn. Déi éischt lëtzebuergesch Koproduktioun, déi et bis elo gepackt huet, en Oscar mat heem ze huelen, war den Animatiounsfilm “Mr Hublot”. Dat war 2014.

Niewent hirem Documentaire ass Samsa Film mat hirem Kannerfilm “Mission Ulja Funk” och bei der Berlinale vertrueden. Dëse wäert dann och seng offiziell Weltpremière zu Berlin hunn.

Och fir d’Produktiounshaus Tarantula war et bis elo e gudde Start an d’Joer. Hir Koproduktioun “Deux” war net nëmme bei de Golden Globes nominéiert, mä ass och fir en Oscar op der Shortlist. Desweideren huet de Film sech international eng Renommée gemaach - d’Filmkritiksäit Rotten Tomatoes huet dem Drama ganzer 97% op hirem Tomatometer ginn.

Mir hunn eis bei de Produktiounshaiser Samsa an Tarantula iwwer hir Nominatiounen informéiert a mat hinnen iwwer di konstant Changementer an der Filmbranche geschwat.

Back to Top
CIM LOGO