
Nominéiert sinn donieft d’Filmer “Pinocchio” (Italien/Frankräich) an “The Crossing Flukten over Grensen” (Norwegen).
An der lëtzebuergesch-irescher Koproduktioun Wolfwalkers vum Tomm Moore a Ross Stewart, déi am 17. Joerhonnert an Irland spillt, dreemt de jonke Robyn Goodfellowe dovun, genau wéi säi Papp e Wollefsjeeër ze ginn.
En internationale Comité, zesummegesat aus Membere vun der Europäescher Filmakademie (EFA) a Filmexperten, huet d’Preselektioun gemaach. Duerno hu sech jonk Jury-Memberen am Alter vun 13 bis 14 - viregt Participante vum “Young Audience Award” -, déi 8 Filmer ugekuckt an dräi Stéck nominéiert.
Elo ginn déi 3 Wierker engem Public tëscht 12 a 14 Joer an 38 Länner uechter Europa an doriwwer eraus gewisen; do wou et méiglech ass, um groussen Ecran, do wou dat net geet, online. Ënnert der Leedung vu Professionelle kënne si hir Vuen diskutéieren, sech och mat anere Jonken austauschen a schliisslech de beschte Film wielen.
Partner aus 38 Länner bedeelege sech deemno un dësem hybriden Event. Lëtzebuergesche Partner ass de Luxembourg City Film Festival.
De Gewënnerfilm gëtt dann de 25. Abrëll wärend enger Zeremonie, déi am Livestream iwwerdro gëtt, annoncéiert.
Gewannt Tickete fir d’Avant-Première vu Wolfwalkers dëse Samschdeg