Manager, Galeristen an och d‘Kënschtler selwer musse sech am Ausland sou gutt wéi méiglech verkafen. A Frankräich hëlleft dobäi eng Institutioun, nämlech d’"Mission culturelle" - déi geréiert de Lëtzebuerger Kulturministère. An och déi lëtzebuergesch Ambassade a Frankräich ënnerstëtzt d‘Promotioun vun der Lëtzebuerger Konscht.
An der Serie Kultur Summer Push-Up kuckt d'Kulturredaktioun op déi interessantste Momenter aus de leschte Wochen zeréck a gräift Sujeten nach eemol op.
LINK: Kultur Summer Push-Up (3): Lëtzebuerger Archeolog fuerscht an der Stad Mossul