Vum 20. bis de 24. OktoberLëtzebuerg mécht sech prett fir d'Frankfurter Buchmesse

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Foire d'lescht Joer wéinst der Corona-Pandemie reng digital ofgehale gouf, ass dëst Joer nees Rendezvous um Site.

Vum 20. bis de 24. Oktober gëtt an Däitschland déi international renomméiert Frankfurter Buchmesse ofgehalen. Och Lëtzebuerg ass dëst Joer nees vertrueden.

Um Stand vum Kultur | lx – Arts Council Luxembourg ënnert dem Titel “Books from Luxembourg” wäerten zéng Editiounshaiser mat hiren Auteurinnen an Auteure vertruede sinn: capybarabooks, Black Fountain Press, Éditions Guy Binsfeld, Éditions Phi, Éditions Schortgen, Hydre Éditions, Kiwi E.L.G, Kremart Edition, Op der Lay a Zoom Éditions.

De Stand soll d’Diversitéit vun der lëtzebuergescher Editiounslandschaft, déi sech duerch hir Méisproochegkeet an eng Pluralitéit vu Literaturformen auszeechent, Exemplaresch duerstellen, sou Kultur | lx an engem Communiqué. Och de Centre national de littérature an den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch huelen un der Foire Deel.

Back to Top
CIM LOGO