
«Les Frontalières» ass e Projet vum Escher Theater a vun der Asti, deen natierlech soll op d’Bün kommen. Bedéngt duerch d’Corona-Pandemie koum dat net zustanen an dofir gouf ëmgeduecht an et goufen dunn dorausser 4 Podcasten. D’Grenzgängerinnen-Chronike si 4 Kuerzgeschichten, déi baséiert sinn op Interviewe vu Fraen aus Däitschland, der Belsch, Frankräich a Lëtzebuerg.
200.000 Frontalieren, dorënner 70.620 Fraen, kommen all Dag iwwert d’Grenz op Lëtzebuerg. Unhand vun enger Rei Begéinunge wollt een erausfannen, wéi dës Fraen hiert Liewen wouerhuelen, firwat si sech fir dëst Liewen decidéiert hunn a ob si sech als Frontalièren definéieren.
Fiktiv Geschichten, baséierend op Interviewen mat Fraen aus Däitschland, der Belsche, Frankräich a Lëtzebuerg. E Liewen tëschent hei an doiwwer, tëschent Aarbecht an Doheem. E Liewen tëschent zwee Länner.
4 Schauspillerinne - jiddereng vun hinne selwer Frontalière – ginn hei franséischen, däitschen, belschen a Lëtzebuerger Grenzgängerinnen eng Stëmm, an dat ausgoend vu ronn 40 Interviewe mat Fraen, déi Dag fir Dag op der Rees tëschent zwou Grenze sinn.
„Les Frontalières“, e Spektakel fir ze lauschteren a 4 eenzele Podcaste bei eis op RTL Play.
Sur une idée du Escher Theater
Réalisation : Sophie Langevin
Collaboration : Claire Wagner
Textes et interprétation :
Bach-Lan Lê-Bà Thi, Aude-Laurence Biver, Nora Koenig, Andrea Quirbach
Création sonore : Emre Sevindik
Enregistrement : Ben Wilmes
Avec l’aimable participation de Ingrid Van der Kley