RIPLegendäre briteschen Drummer Ginger Baker gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Am Alter vun 80 Joer ass de briteschen Drummer Ginger Baker friddlech an engem Spidol entschlof.
© AFP

De Baker huet 1966 zu de Grënnungsmembere vun der Band "Cream" gehéiert, an där hie mam Gittarist Eric Clapton an dem Bassist a Sänger Jack Bruce zesumme gespillt huet. Cream huet  bannent 2 Joer ronn 35 Millioune Placke verkaf a fir "Wheels on Fire" krute si als éischt Band iwwerhaapt Platin.

Den Ginger Baker gëllt als ee vun de gréissten Drummer an der Geschicht vun der britescher Rock-Musek, ähnlech wéi den Charlie Watts vun de Rolling Stones. Den Ex-Beatle Paul McCartney huet op Twitter matgedeelt, de Baker wier net just en immensen Drummer gewiescht, mä och e "wonnerbaren a wëllen Typ".

Back to Top
CIM LOGO