D’Preparatioune lafen op Héichtouren, virun allem beim Musée "Dräi Eechelen", well hei wäert déi Kéier eng ganz speziell Installatioun op d'Visiteuren waarden.
Schonn zënter 25 Joer kënnt den englesche Kënschtler Bryan Tweddle ëmmer nees op Lëtzebuerg schaffen an zënter dem Kulturjoer 2007 huet seng Zesummenaarbecht mat Cooperations zu Wolz ugefaangen an d’Nuit des lampions war gebuer. Zesumme mat Enovos kënnt dann elo e Stéck Wëltzer Nuit des lampions op den historesche Site vun den 3 Eechelen.
Zesumme mat 100 Studente vun der Konschtakademie vu Maastricht huet de Bryan Tweddle wärend enger Woch ëm 100 Lampionen fir d’Nuit des Musées produzéiert. D’Lampione wäerten d’Plaz ronderëm de Musée 3 Eechelen op alle Fall an eng poetesch a magesch Plaz verwandelen an dat vun e Samschdeg den Owend 18 Auer un.