Et ass déi 7. Editioun vum KollaFestival zu Stengefort. 2013 huet alles ugefaangen. D’Iddi koum vun 3 Frëndinnen, déi eigentlech just een Nomëtten mat engem Kleedertosch, Iessen a Gedrénks organiséiere wollten.
De Festival zitt ëmmer méi Leit un an d’lescht Joer hate se dann och déi héchste Unzuel u Besicher bis elo. Méi grouss gëtt de Site awer net – d’Surface déi dem Team zur Verfügung steet, ass nach ëmmer déi selwecht. D’lescht Joer ass awer eng Bühn dobäi komm.
D'Thema deemools, an och nach haut, ass “Collaborative Consumption” – eng Beweegung, bei där d’Nohaltegkeet an de Respekt virun der Natur am Fokus stinn. Ma och wann d’Iddi vum Festival nach ëmmer déi selwecht ass a sech och dëst Joer net Villes ännere wäert, esou gëtt awer dat ganzt Joer um Konzept geschafft.
Doleancë wéinst dem Festival géifen et och ëmmer erëm ginn – virun allem, well de Site op engem Vëloswee läit, ma doriwwer kéinte si awer ewechkucken.
De Kolla Festival geet dëst Joer vum 16. bis den 18. August.