De Schauspiller George Segal ass dout"Haut hu mir eng Legend verluer"

RTL Lëtzebuerg
Den US-Schauspiller George Segal ass en Dënschdeg a Kalifornien un de Komplikatiounen no enger Häerz-Bypass-Operatioun gestuerwen.
© AFP/Chris DELMAS

Dat huet seng Fra Sonia dem Hollywood-Magazin “Deadline” gezielt. Hie war 87 Joer al. Bekannt war hie fir seng Roll am Filmklassiker “Wer hat Angst vor Virgina Woolf” (am Original “Who’s Afraid of Virginia Wolf?”).

Den George Segal war am Februar 1934 an enger klenger Stad am Bundesstaat New York gebuer ginn. Säin Debut hat hien an de fréien 1960er Joren a Filmer wéi “Chefarzt Dr. Pearson”, “Der längste Tag” iwwert d’Landung vun den Alliéierte wärend dem Zweete Weltkrich an der Normandie an “Das Narrenschiff”. Den Duerchbroch war him 1966 mat “Wer hat Angst vor Virgina Woolf” un der Säit vu Filmgréissten wéi dem Elisabath Taylor an dem Richard Burton gelongen. Fir seng Nieweroll als jonke Professer war hien deemools fir en Oscar nominéiert ginn.

Bis 2010 hat de Segal an iwwer 50 Filmer matgespillt, dorënner “Die Brücke von Remagen”, “Die Eule und das Kätzchen” (am Original “The Owl and the Pussy-Cat”) mam Barbra Streisand, “Wer schluckt schon gerne blaue Bohnen” mam Goldie Hawn an “Das Geld liegt auf der Straße” mam Jane Fonda. Fir seng Haaptroll an der Libeskomödie “Mann, bist du Klasse” (am Original “A Touch of Class”) mam Glenda Jackson hat hien 1974 e Golden Globe gewonnen.

Bekannt war de Schauspiller awer och duerch etlech Fernseerollen, zum Beispill an der NBC-Sitcom “Just Shoot Me!” (1997-2003). Zanter 2013 war hien an der Roll vum Grousspapp Albert “Pops” Solomon an der Comedyserie “The Goldbergs” ze gesinn. “Haut hu mir eng Legend verluer”, sot den Dréibuchauteur Adam Goldberg.

Et wier eng “Éier” gewiescht, mam George Segal zesummenzeschaffen, schreift den Adam Goldberg weider. “Duerch pueren Zoufall hat ech um Enn déi perfekt Persoun fir de Pops gecast. Genee wéi mäi Grousspapp war den George am Häerz e Kand mat engem magesche Funken.” Op dem offizielle Twitter-Konto vun der Serie heescht et, “mir sinn dankbar fir d’Laachen an d’Freed, déi hien eis all geschenkt huet.”

“Et ass sou traureg, vum George Segal sengem Doud ze héieren. Mir hate beim Dréi vun “Die Eule und das Kätzchen” esou vill Spaass”, huet d’Barbra Streisand getwittert. “Hie soll a Fridde rouen”.

Back to Top
CIM LOGO