
Ee vun de spektakuläerste Vollen konnt deemno endlech opgekläert ginn. Dat milliouneschwéiert Konschtwierk konnt no 9 Joer endlech séchergestallt ginn, eng Persoun, déi verdächtegt gouf an d’Dot involvéiert ze sinn, huet herno zouginn, d’Bild geklaut ze hunn. Et handelt sech ëm en 49 Joer ale Steemetzer, sou déi griichesch Police zu Athen. Hien huet der Police gewisen, wou d’Konschtwierker verstoppt waren. E Wierk vun engem italienesche Kënschtler hat de Mann eegenen Aussoen no ewechgehäit, et war beim Abroch beschiedegt ginn.
Souwuel d’Bild vum Picasso, mä och e Bild vum Piet Mondrian sinn an engem Lager ronn 50 Kilometer vun Athen ewech fonnt ginn. Dotëscht ware se zäitweis och en engem Bësch verstoppt. De Mondrian soll beschiedegt sinn.
De griichesche Kulturministère huet confirméiert, dass béi Wierker nees opgetaucht sinn. “Dat ass e ganz besonneschen Dag, en Dag vu grousser Freed an Emotioun”, sou d’Kulturministesch Lina Mendoni. En Dënschdeg goufen d’Detailer dozou annoncéiert. D’Police hat d’Ermëttlunge leschte Februar lancéiert, well Experten dovun ausgaange sinn, dass de “Frauenkopf” ni um Schwaarzmaart verkaf gouf an dowéinst Griichenland och ni verlooss huet.

Dem Picasso säi Wierk vun 1939 wier um Schwaarzmaart ronn 16,5 Milliounen Euro wäert gewiescht. Ma Pech fir de Brigang, d’Bild war onverkeeflech, well op der Récksäit en Hommage vum Picasso un dat griichescht Vollek geschriwwe steet. De Kënschtler selwer hat dem Land d’Bild 1949 fir de Widderstand vun de Griiche géint d’Nazien iwwerreecht. Et war deemno méi de sentimentale Wäert fir d’Vollek, deen dat Bild esou wäertvoll gemaach huet.
Am Januar 2012 gouf de “Frauenkopf” zesumme mam “Stammer Mühle” vum Piet Mondrian an engem anere Wierk vum Italiener Guglielmo Caccia bei engem Abroch geklaut. Den Täter war duerch eng Fënster geklommen an et gouf eréischt bemierkt, wéi kuerz viru 5 Auer moies den Alarm vum Musée ausgeléist gouf. D’Biller waren éischten Ermëttlungen no immens schlecht geséchert gewiescht. E Gardien huet nach ee Mann gesi fortlafen.