1995 gouf ugefaangen d'Gréiweschlass zu Käerch ze renovéieren. Mat Hëllef vun de Käercher Schlassfrënn an der Kulturkommissioun vun der Gemeng Käerch, goufen déi al Schlassmaueren iwwer Joren opwänneg restauréiert. Dëse Mount da goung d’Schlass endlech op. Dat fir eng Partie kulturell Feierlechkeeten.
Iwwer 20 Joer ass et hier, dass d'Käercher Schlassfrënn sech fir d’Opfrësche vum Schlass agesat hunn. Aus al gëtt nei, respektiv gëtt al bäibehalen: nei filigran Bauinstallatioune goufen dobäigesat, ouni d’Struktur vun den historesche Maueren ze verstoppen – eng Aarbecht, déi vill Zäit gebraucht huet.
D’Zil vun der Renovéierung war et, dat historescht a kulturellt Potential vum Schlass siichtbar ze maachen, an et soll och erëm een Treffpunkt fir d’Bierger vun der Gemeng Käerch ginn. Vum 13. bis de 25. September stinn eng Rei Aweiungsfeierlechkeeten um Programm. Am Mëttelpunkt steet d’Lëtzebuerger Kultur.
E Samschdeg stoung de Lëtzebuerger Auteur Pir Kremer am Mëttelpunkt. Fir säin 100. Gebuertsdag goufe seng Lidder, satiresch Texter a Gedichter an dem spezielle Kader virgedroen, an hunn de Publikum begeeschtert.
De 25. September gëtt et nach eng Ofschlosskonferenz mam Thema "Käercher Schlass" organiséiert. Dobäi sinn d’Architektin Tatiana Fabeck an de Responsabele vum Projet, de Jean Jacques List. Zesumme wäerte si dem Public d'Renovéierungsaarbechte vum Gréiwe-Schlass erklären. Den Entrée ass gratis.