No zwee Joer Corona-PausGlastonbury am Summer mam Paul McCartney, Billie Eilish a Kendrick Lamar

RTL Lëtzebuerg
De Kult-Festival a Groussbritannien mellt sech zeréck: Nodeems den Event wéist der Pandemie 2020 an 2021 huet missten ausfalen, geet et am Juni nees lass.
Déi lescht Editioun war am Juni 2019.
Déi lescht Editioun war am Juni 2019.
© AFP

Op de Büne vum Glastonbury-Festival am Süde vun England wäerten tëscht dem 22. an dem 26. Juni ënnert anerem de fréiere Beatle Paul McCartney, d’Billie Eilish an de Kendrick Lamar stoen.

De McCartney war u sech schonn am Line-Up fir d’Joer 2020 virgesinn. De Festival huet wéinst der Pandemie awer, genee wéi och am Joer drop, missten ofgesot ginn. 2021 gouf et allerdéngs ee Live-Concert ouni Spectateuren, deen am Internet iwwerdroe gouf. Dem Paul McCartney säin Optrëtt dëse Summer fält op d’Woch no dem Museker sengem 80. Gebuertsdag.

Nieft dem Ex-Beatle trëtt och déi fënneffach Grammy-Gewënnerin Diana Ross op, genee esou wéi d’Billie Eilish, dat mat sengen 20 Joer scho siwe Grammys krut. Si ass déi jéngste solo-Kënschtlerin, déi jee als Headliner um Glastonbury Festival opgetrueden ass.

Zum Line-Up gehéieren ausserdeem nach den Noel Gallagher a seng Band High Flying Birds, déi neiséilännesch Sängerin Lorde, d’Indie-Band Foals an d’Alternative-Rockband Wolf Alice. Och d’Pet Shop Boys, Metronomy an d’Courtney Barnett si mat derbäi.

Déi gréissten Deel vun den Ticketen, déi schonn an normale Jore séier ausverkaaft sinn, ginn 2022 u Leit, déi fir déi ausgefale Festivalle schonn Tickete kaaft haten. En Deel vun de Sue soll un d’Rout Kräiz an der Ukrain goen.

Back to Top
CIM LOGO