Si war mat net manner wéi 32 Nominatiounen an d'Course gaangen.
D'Iwwerraschung vum Owend war déi britesch Serie "Fleabag". Si krut den Emmy fir déi bescht Comedy-Serie.

Als beschte männlechen Acteur krut fir d'éischte Kéier de Billy Porter ee Präis fir seng Prestatioun an der Serie "Pose".

Bei de Fraen huet d'Jodie Comer fir hir Roll an der Serie "Killing Eve" gewonnen. Och fir si war et den éischten Emmy.

D'Emmy Awards sinn de wichtegsten Televisiounspräis an den USA.
