
“Dës DNA ass onheemlech al”, sou de Love Dalen vum Zentrum fir Paläogenetik zu Stockholm. “D’Prouwe sinn dausend Mol méi al wéi Iwwerreschter vu Wikinger a ginn an d’Zäit virun de Mënschen an den Neandertaleren zeréck.” D’Resultater vun der Studie goufen e Mëttwoch an der neier Ausgab vun der Zäitschrëft “Nature” verëffentlecht.
Am Ganze geet et ëm dräi Mammut-Entdeckungen, vun deenen ee ronn 800.000 Joer al ass an déi zwee aner méi wéi eng Millioun Joren. Déi bis ewell eelst entdeckten DNA-Spuere ware vun engem Päerd a ware 560.000 bis 780.000 Joren al.
A Sibirien hu sech Äiszäit-Bedingungen a waarm, fiicht Perioden ofgeléist. Wéinst dem Klimawandel schmëlzt de Permafrascht a gëtt dowéinst aktuell méi Mammut-Iwwerreschter fräi, sou den Dalen. Hien huet sech och optimistesch gewisen, an Zukunft aus dem Permafrascht nach méi al DNA-Spueren ze sécheren, déi bis zu 2,6 Millioune Joren zeréckdatéieren.