LuxFilmFest 2021 - 3. Blog vum Joy HoffmannFriem Welten an Traditiounen, an d'Sich no Identitéit

Joy Hoffmann
Dräi Kompetitiounsfilmer an ee Lëtzebuerger Film, mol besser, mol méi schlecht inzenéiert, stinn en Dënschdeg um Menü.
© ASSANDIRA (c) Viacolvento

Iwwert den éischte Film a Kompetitioun, dee mer gesinn hunn, wëlle mir séier ewechgoen. Am angolanesche Film AIR CONDITIONER geschitt kaum iergendeppes Nennenswäertes, ausser dass zu Luanda reegelméisseg Klimme vun de Fassaden erof op d’Stroossen an op d’Leit falen. Mir huelen un, dass d’Definitioune vun “air” a “conditioner” um Ufank vum Film de Schlëssel liwwere sollen, fir d’Interpretatioun vum Film. Mir hunn also, fir ons vun der Langweil ofzelenken, den intellektuellen Effort gemaach, fir erauszefannen, dass et zu Luanda wuertwiertlech, a wuel och symbolesch a politesch u frëscher Mieresloft feelt, vun där e Personnage am Film ëmmer dreemt, an dass “conditioner” eppes mat politescher Manipulatioun an Ënnerdréckung ze dinn huet, déi geféierlech iwwert de Käpp vun de Leit schwieft. Dofir gëtt et am Film och e Patron, dee seng Leit andauernd ujäizt, well seng Klimm nach ëmmer net gefléckt gouf.

© ASSANDIRA (c) Viacolvento

Esou oninteressant mer “Air Conditioner” fonnt hunn, esou passionant war den italieenesche Film ASSANDIRA vum Salvatore Mereu, originell, iwwerraschend an ongewinnt, an dat och nach am Kader vum architraditionelle Krimi-Genre. De Mario a seng däitsch Fra Grete kommen, no Joren zu Berlin, op dem Papp säin Haff op Sardinien zeréck, a wëllen dee fir Touristen op der Sich no ländlecher Authentizitéit an Traditioun ëmgestalten. D’Spannung am Film kënnt net nëmmen duerch d’Enquête vun der Police, déi versicht erauszefannen, wie schliisslech den Haff ofgefakelt huet a Schold um Doud vum Mario ass. Och dat ambigut an erotesch provokatiivt Verhale vum Grete, dat awer esou guer net an déi sardesch Rustikalitéit passt, léisst näischt Guddes anen, an dréit subtil zur Tensioun am Film bäi.

De Film prangert awer net nëmmen déi touristesch Exploitatioun vun der Nostalgie no Traditioun an Ueregkeet un, mee geet nach vill méi wäit wat déi kommerziell Exploitatioun bis an dat Déifst vum mënschleche Wiesen ugeet. ASSENDIRA, deen excellent interpretéiert a (mat Schëllerkamera) gefilmt ass, geet villäicht mat senge “plot twisten” besonnesch zum Schluss e bësse wäit, an huet am leschten Drëttel e manifesten Duerchhänger, mee dat Ganzt bleift trotzdeem ëmmer koherent, spannend a radikal.

© ARISTOCRATS (C) D.R

Am japanesche Film ARISTOCRATS vun der Yukido Sode, geet et och ëm Traditiounen, a méi spezifesch ëm déi machistesch Kultur an der japanescher Uewerschicht zu Tokio, eng fir eis deels friem Welt, déi de Film awer iwwerzeegend vermëttelt. Eng jonk Fra aus besserer Famill acceptéiert, nodeem se vun hirem Fiancé sëtze gelooss ginn ass, schliisslech en arrangéiert Bestietnis mat dem Koichiro, engem räichen Affekot mat politeschen Ambitiounen aus enger “aristokratescher” Famill. No a no realiséiert se, wat fir engen Zwäng se sech do ënnerworf huet, an dass se, am Fong genau wéi hire Mann, Prisonéier ass vun archaesche gesellschaftlechen Normen. Hiert Schicksal kräizt sech mat deem vun der Miki, déi aus engem manner privilegéierte Milieu op Tokio kënnt, do op der Uni studéiert an d’Maitresse vum Koichiro ass. A lues a prezis inzenéierten Zeenen, mat oft diskreet humorvolle Passagen, zeechent de Film e wonnerbaren an touchante Portrait vun zwou Fraen, déi sech an enger formatéierter a sozial compartimentéierter Welt hir Plaz sichen a schliisslech och fannen.

© HYTTE (c) a_BAHN

Am Lëtzebuerger Film HYTTE vum Jean-Louis Schuller geet et och ëm friem Welten a Kulturen an ëm d’Sich no Identitéit. HYTTE war ursprénglech en Documentaire-Projet iwwer Svalbar (Spitzberg). Et konnt ee sech dann och vun engem Kameramann a Realisateur, dee bis elo haaptsächlech Documentairë gedréint huet (“Black Harvest”, “The road uphill”), erwaarden, eppes iwwert dës Inselen am nërdlechen Norwegen gewuer ze ginn. Awer nee. Wien déi ronn 2.000 Leit sinn, déi do liewen, wat se maachen, wat hir Kultur ass, dovu kritt ee kaum eppes mat, ausser datt et do schéngt bal nëmme Männer ze ginn, déi drénken a sangen... an enger Chorale. Dat wär net onbedéngt e Problem, well aus dem geplangten Documentaire ass schliisslech e Spillfilm ginn. Mee e Fiktiounsfilm brauch eng Geschicht, en Thema an och Personnagen. D’Thema, oder wann een eventuell vun enger Geschicht wëll schwätzen, ass déi vum Luc, deen also am héijen Norden op e Lëtzebuerger Kompatriot trëfft, deen an enger entleeëner Cabane an der arktescher Wüüst säi Gléck fonnt huet. Op der Sich no senger eegener Identitéit verfollegt de Luc dann dës Chimère. Dat ass natierlech e Sujet “casse gueule”, deen hei och net emol am Usaz gemeeschtert ass.

A platten Dialogen, Klischeeën a vaste Landschafte gëtt hei nëmme just den absolutte Minimum vermëttelt, datt een iwwerhaapt weess, ëm wat et geet. Aggravéierend kënnt derbäi, dass alles sech an enger machistescher Atmosphär ofspillt. Kleng, harmlos an onräif sexuell Provokatiounen, an de Luc, dee senge Männerkolleegen d’"Hesper Kutsch” virséngt, renforcéieren dës Impressioun. Wann et dann awer drëms geet, eng Libes/Sexzeen duerzestellen, ass et mat der kreativer Imaginatioun eriwwer. Elo kéint ee mengen, dass de weiblechen Haaptpersonnage am Film dëst a Fro géif stellen, oder zumindest a Perspektiv géif setzen. Déi Léierin, mat där de Luc da seng Zäit verbréngt, ass awer en eidelen, inexistente Personnage, en Dekor, wéi d’Landschaften, deen emol net als “faire valoir” vum Haaptpersonnage gutt ass. Se mécht just dem Luc eng Kéier de Virworf: “du gees de Saachen net op de Fong, du méchs just wéi wann”. An dat ass och eng zoutreffend Analys vum Film. Déi ganz akzeptabel Cinematographie, duerch déi de Film sech zumindest agreabel kucke léisst, kann awer leider dës Inhaltslosegkeet net verstoppen.

Fir “Aristocrats” ginn et nach Tickete fir dëse Mëttwoch an der Cinemathéik, a fir “Assandira” en Donneschdeg am Utopia an e Freideg an der Cinemathéik. All Filmer kann een och online um Site vum Luxfilmfest kafen.

Back to Top
CIM LOGO