"Allez Hëpp Hopp Hopp!"Lëtzebuerger Animatiounsfilm am Kino

Philippe Dondelinger
De Lëtzebuerger Animatiounsfilm leeft zanter e Mëttwoch an de Kinoen. Fir d’Realisatrice Caroline Origer ass et den Ofschloss vun enger laanger Aarbecht – an e Film fir kleng a grouss Spectateuren.
"Allez Hëpp Hopp Hopp!"Lëtzebuerger Animatioun am Kino
De Lëtzebuerger Animatiounsfilm leeft zanter e Mëttwoch an de Kinoen. Fir d’Realisatrice Caroline Origer ass et den Ofschloss vun enger laanger Aarbecht.

Am Mëttelpunkt steet d'Molli, eng Kéiseker-Madamm, déi zesumme mam Kanéngche Jos op vill Aventure geet. D'Stëmm vum Jos kënnt vum Schauspiller Jules Werner.

130 Leit hannert de Kulissen

De Film ass zu Déifferdeng an der Fabrique d'Images entstanen. Ronn 130 Leit hunn dru geschafft – vun der Skizz bis zur fäerdeger Animatioun. All Detail gouf duerchduecht: Personnagen, Beweegungen an Emotiounen, fir eng komplett Welt zum Liewen ze erwächen.

Eng Geschicht iwwer Dreem an Aventuren

"Allez Hëpp Hopp Hopp!" verbënnt Humor, Fantasie an universell Themen. Eng Invitatioun un all Generatiounen, sech op eng Rees voller Aventuren anzeloossen – an den Held a sech selwer ze entdecken.

Back to Top
CIM LOGO